
D'Pompjeeë vu Rëmeleng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanze vu Keel an Diddeleng.
Kuerz virun 20 Auer ass zu Märel an der Rue de Strassen en Auto am Gruef gelant, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Pompjeeën aus der Stad a vu Bartreng-Stroossen goufen an den Asaz geruff, grad ewéi déi Stater Ambulanz.
Nëmme puer Minutte méi spéit ass e weideren Auto am Gruef gelant, dat op der N13 Fréiseng Richtung Helleng. Och hei gouf eng Persoun verwonnt, ëm déi sech d'Beetebuerger Ambulanz du gekëmmert huet. D'Pompjeeë vu Fréiseng an Uespelt waren och op der Plaz.
Zu Déifferdeng hat et iwwerdeems an engem Appartementshaus gedämpt. Hei ware sämtlech Pompjeeën aus der Géigend am Asaz. Et blouf bei Materialschued.