
Op der A1 tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald hat et géint 14.50 Auer gerabbelt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm.
10 Minutte méi fréi ass zu Esch an der Rue de l’Arbed e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.
En Donneschdeg de Moie kuerz virun 11 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen tëscht Nidderfeelen an Heischent.
Bei all dësen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.