CGDIS4 Blesséierter bei 4 Accidenter um Mëttwoch de Moien

RTL Lëtzebuerg
Et war nawell vill lass op eise Stroossen. Uechter d'Land goufen et 4 Accidenter, bei deenen allkéiers eng Persoun verwonnt gouf.

Zu Izeg an der Hesper-Strooss ass géint 1.45 Auer en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Nieft dem Samu waren och d'Hesper an d'Stater Pompjeeën am Asaz, grad ewéi d'Stater Ambulanz. Eng Persoun ass blesséiert ginn.

Géint 4.35 Auer gouf et tëscht Koplescht an Dondel en Accident tëscht 2 Gefierer. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.

Kuerz no 7 Auer ass zu Steesel an der Briddeler-Strooss e Gefier accidentéiert. D'Steeseler Pompjeeën an d'Ambulanz vun Lëntgen waren am Asaz.

Géint 9.30 Auer dunn huet et nach zu Stengefort an der Lëtzebuerger-Strooss gerabbelt, wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. D'Rettungsservicer vu Stengefort waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO