
Géint 16:45 Auer war et op der A3 a Richtung Frankräich, virum Beetebuerger Kräiz, zu engem Accident komm, an dee méi Gefierer verwéckelt waren. 4 Persoune sinn dobäi blesséiert ginn, op der Plaz waren 3 Ambulanzen an de SAMU aus der Stad, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg.
Kuerz no 14:00 Auer war et an der Uewerstad an der Rue Pierre d'Aspelt en Accident tëscht engem Auto an engem Moto, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. D'Stater Ambulanz a Pompjeeë waren do am Asaz.
Op der A13 a Richtung Schengen war kuerz viru 15:30 Auer en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen an hat sech dobäi blesséiert. Nieft der Ambulanz vu Keel waren d'Pompjeeë vu Schëffleng an Esch-Uelzecht dohinner.
No 17:15 Auer gouf zu Esch-Uelzecht an der Rue Clair-Chêne eng Persoun ugestouss a verwonnt. D'Ambulanz vum SaDiff an de SAMU an d'Pompjeeë vun Esch waren op d'Plaz vum Ongléck.
Donieft war um 15:20 Auer zu Habscht an der Rue Brill op engem Chantier eng Gasfuite gemellt ginn. Preventiv gouf de Site evakuéiert, am Asaz waren d'Pompjeeën aus der Ëmgéigend an de Groupe de support chimique, biologique, radiologique et nucléaire GCBRN.
Um 16:00 Auer war et zu Béiwen un der Atert an der Zerrewiss e Vegetatiounsbrand an zu Uewerkäerjeng hat um 16:40 Auer an der Rue du dix septembre eng Fassad gebrannt. Déi lokal Pompjeeën hu sech jeeweils ëm d'Läsche gekëmmert.