
Et gouf 4 Blesséierter, dovunner 2 mi schwéier.
Nieft 3 Ambulanzen vu Réimech an Diddeleng war och den Escher Samus-Noutdokter op der Plaz, grad wéi d'Asazzentere vun Duelem a vu Fréiseng.
2 liicht Blesséierter gouf et da kuerz no 19 Auer, wéi en Auto zu Mutfert an der rue de Medingen an eng Mauer gerannt ass. D'Ambulanze vu Jonglënster an aus der Stad waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter Mutfert.