
Géint 15 Auer ass um CR157 bei Alzeng a Richtung Réiser e Motocyclist mat sengem Gefier gefall a gouf dobäi blesséiert. Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, waren d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper op der Plaz.
Op der N10 tëscht Iechternach a Steenem hat et géint 16.20 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Am ganze goufen dobäi 4 Persoune blesséiert a vun de Rettungsekippe vun Iechternach versuergt.
D’Rettungsdéngschter vu Mamer a Koler waren ëm déi selwecht Auerzäit op en Asaz op der A6 a Richtung Arel geruff ginn. Hei waren eng Partie Ween an en Accident verwéckelt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf.