CGDIS4 Blesséierter no 2 Accidenter e Méindeg, 1 Blesséierten en Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Accidenter zu Rëmeleng an op der A13 hate 4 Blesséierter als Konsequenz.

Zu Rëmeleng krute sech e Méindeg géint 17.40 Auer zwee Ween ze paken, zwou Persoune goufe verwonnt.

Op der A13, op der Héicht vu Beetebuerg, gouf et kuerz drop och eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer, mat och hei zwee Blesséierten.

En Dënschdeg de Moie géint 6.37 Auer sinn zu Uewerfeelen en Auto an e Bus kollidéiert. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO