CGDIS4 Blesséierter op eise Stroossen, 3 dovu waren ugestouss ginn

RTL Lëtzebuerg
Eemol war dat de Fall e Mëttwoch kuerz no 18 Auer zu Esch an der Arbed-Strooss. Hei huet de SAMU missen an den Asaz.

Och zu Esch war um 17.30 Auer e Mëttwoch eng Persoun um Boulevard JF Kennedy ugestouss a blesséiert ginn. Déi selwecht Zäit war dat och zu Rodange an der Lëtzebuerger Strooss de Fall.

Um 17.20 Auer hat et an der Hollerecher Strooss an der Stad gerabbelt. Zwee Autoen hate sech ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Feier an enger Schminni dann um 21.45 Auer e Mëttwoch den Owend zu Stengefort an der Rue des Champs. Hei blouf et beim Materialschued. Grad ewéi bei engem Accident an der Rue Victor Hugo zu Altwis um 22.15 Auer.

Back to Top
CIM LOGO