CGDIS4 Bränn vun en Dënschdegowend op e Mëttwochmoien

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hunn d'Pompjeeën direkt 4 mol mussen intervenéieren, well et zu klengere Bränn uecht d'Land koum.

Zu Schëtter, Lampech an Nidderkuer hunn en Dënschdeg den Owend jeeweils mussen d'Pompjeeë geruff ginn, well et zu engem Kamäibrand komm war. Zu Nidderkuer war de Brand och op eng Kummer iwwergaangen.

Um Mëttwoch an de fréie Moiesstonnen huet zu Hiefenech dann Dreck gebrannt.

An alle Fäll blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO