
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si 4 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.062.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.310 positiv Fäll bei 4.000 Tester. E Sonndeg waren 27 positiv Fäll ze verzeechnen, e Samschdeg 652 an e Freideg 631. Mat den Zuele vum Weekend zielt de Grand-Duché elo 235.276 Corona-Infektiounen zanter dem Ufank vun der Pandemie.
Den Ament sinn 23 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.278.890 Impf-Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaaux louch e Sonndeg bei 5,97 Prozent.