Iwwert de Weekend4 Doudesaffer an 2.411 Neiinfektiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg hunn erginn, datt an de leschten 72 Stonnen 2.411 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg si 4 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.041.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 2.411 positiv Fäll bei 6.437 Tester. Mat den Zuele vum Weekend zielt de Grand-Duché elo 219.390 Corona-Infektiounen zanter dem Ufank vun der Pandemie.

E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 8,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 3,47 op 100.000.

Den Ament sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.276.038 Impf-Dosisse genotzt, 472.337 Persoune si komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,78. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaaux louch bei 7,01 Prozent.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO