
Aktuell si 39 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 3 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.273.675 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 293,28 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 363,09 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.