Coronavirus zu Lëtzebuerg4 Doudesaffer, vun 2.973 Tester waren der 847 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.019 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 42 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun

Am Ganze goufe bis ewell 1.273.008 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 134,15 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 133,17 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO