Geriicht4 Geldstrofe goufen an der Affär vun enger Faillite gesprach

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Faillite vun enger Baufirma goufen en Donneschdeg um Stater Geriicht zwou Geldstrofe vu 500 an zwou vun 1.000 Euro fir déi 4 Ugeklote gesprach.

D'Firma, déi am Juli 2015 an d'Liewe geruff gi war, hat bannent 11 Méint e Minus vu ronn 350.000 Euro ugeheeft.

Um Sëtz vun der Firma gouf et keng Bréifboîte, d'Salariéë si mat hirem eegenen Auto a mat eegenem Geschir op d'Chantiere gefuer.

Den Haaptschëllegen, de Gérant de fait, ass an der Tëschenzäit verstuerwen.

Back to Top
CIM LOGO