
4 Joer Prisong mat deelweis Sursis, e Fuerverbuet vun am Ganze 70 Méint - ouni Sursis, ma mat Ausname fir op d'Schaff - an eng Geldstrof: Dat huet de Vertrieder vum Parquet e Méindeg den Owend um Stater Geriicht um Enn vum Prozess ëm en déidlecht Accident, am September 2017, fir e Mann vun haut 29 Joer gefrot.
Deemools waren tëscht Bartreng an Dippech eng Fra vun 22 an e Mann vun 28 Joer gestuerwen: Den Ugekloten hat net grad 2,2 Promill Alkohol am Blutt. Hie war nuets op déi aner Stroossesäit geroden an an e Gefier gerannt, dat entgéint koum; dee Won hat doropshin e Bam ze pake kritt. De Beschëllegte war net blesséiert ginn.
De Geriichtsmedeziner huet e Méindeg virdru gewarnt, seng Ausso kéint fir d'Familljememberen am Sall hefteg ginn. D'Affer hätte bal déiselwecht Blessure gehat a virun allem déidlech Schied um Gehir, déi mam Accident a Relatioun ze brénge waren. Engem Toxikolog no hat och de Chauffeur, dee gestuerwen ass, Alkohol intus, an zwar 2,14 Promill; donieft stoung deen ënner Afloss vu Cannabis. Fir en Expert hätt deem Mann säin Auto de Bam wuel mat ëm déi 90km an der Stonn ze pake kritt a wär den Auto vum Ugeklote wahrscheinlech mat ëm déi 45km an der Stonn ënnerwee gewiescht. D'Ween hätte sech mat hire lénke Säite beréiert; dono wär den Auto vun den Affer ronderëm geschleidert ginn an an de Bam gerannt. Zwee Poliziste soten, dësen Auto wär bis d'Halschent vun der Bäifuerersäit agedréckt gewiescht; d'Affer hätte kee Liewenszeeche méi vu sech ginn, an et wär nach just hiren Doud festgestallt ginn.
De Beschëllegten huet sech virop bei de Famillje vun den Affer entschëllegt an deklaréiert, gedronk ze hunn an dass hie vun Déifferdeng aus heemfuere wollt. Hien hätt d'Strooss net kannt, et wär däischter do gewiescht an hien op eemol verblennt ginn, et wär alles séier gaangen.
Nodeems d'Affekotinne vun 8 Familljemembere vun den Affer iwwer eng hallef Millioun € Schuedenersatz gefrot haten, sot de Me Philippe Penning, Affekot vum Ugekloten, deen hätt den enorme Feeler gemaach, déi Nuecht nach ze fueren. Fir de Mann, deen nom Accident bal zwee Méint am Prisong souz, sollt awer eng Prisongsstrof mat Sursis gesprach ginn. Déi Vue huet de Vertrieder vum Parquet net gedeelt: Villméi huet hie vu ganz grave Faite mat katastrophale Konsequenze geschwat, well zwee Jonker hiert Liewe gelooss hunn.
D'Uerteel gëtt de 16. Mee gesprach.