VIDEO: Nicolas Buck"4 Milliarden € an d'Mobilitéit, fir der Entwécklung vum Land gerecht ze ginn"

RTL Lëtzebuerg
D’Patronat freet 4 Milliarden Euro Investissementer an d’Mobilitéit, amplaz 2,5 Milliarden, sou wéi dat am Staatsbudget fir 2019 virgesinn ass.
Reaktioun vun der UEL op de Budget
Fir der geplangter Entwécklung vum Land gerecht ze ginn, missten 4 Milliarden Euro dëst Joer an d’Mobilitéit investéiert ginn.

Den zukünftege President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), de Nicolas Buck, sot am RTL-Interview, datt nieft zousätzlechen Investissementer och dofir misst gesuergt ginn, datt déi Suen tatsächlech investéiert ginn.

Den Nicolas Buck vun der UEL

Problemer gesäit ee beispillsweis bei den Autorisatiounen a bei der Acquisitioun vun Terrainen.

D’Chamberwale sinn elo eriwwer, sou den Nicolas Buck. Lëtzebuerg misst der Realitéit an d’A kucken. Fir eng Millioun Awunner an Honnert Dausende Frontalieren transportéiert ze kréien, géingen 2 oder 3 Milliarden einfach net duergoen.

2 Milliarden Euro, dat entsprécht 6 Verbreedunge vun der A3 Autobunn a Richtung Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO