
Wéi dës d’Beamte gesinn hunn, sinn si a verschidde Richtunge fortgaangen. Well d’Polizisten de Verdacht haten, dass mat Droge gedealt gouf, hu si de presuméierten Dealer opgefuerdert, stoen ze bleiwen, wouropshin dëse versicht hat ze flüchten. D’Beamte konnten dëst verhënneren. Bei der Kontroll vum Mann goufen 32 Bulle mat Drogen, Suen an en Handy séchergestallt.
De Mann gouf festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch am Nomëtteg war et dann an engem Buttek an der Stad zu enger Kläpperei komm. Éischten Informatiounen no hätte béid presuméiert Täter an der Keess gestanen, wéi ee vun hinnen ugefaangen hat, déi aner Clienten an d’Personal ze beleidegen. Wéi ee vun de Clienten hien opgefuerdert hat, sech ze berouegen, wier et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung komm. Doropshi wier och deen aneren presuméierten Täter op de Client lassgaangen. Allebéid goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Iwwerdeems gouf eng Persoun an der Géigend vun der Avenue de la Porte Neuve iwwerfall. Den Täter hätt versicht, dem Affer eng Kette vum Hals ze rappen. Wéi dëst sech doropshi gewiert huet, hätt dësen hatt mat engem Messer menacéiert. Duerno war hie mat der Kette geflücht. Eng Patrull vun der Police konnt de presuméierten Täter festhuelen. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.