Traditionell Büroen zoumaachen, fir de Service um Client ze verbesseren, dorëm geet et der Post, déi e Freideg annoncéiert huet, datt 4 weider Büroen hir Diere wäerten zoumaachen. Dëst ass de Fall zu Bartreng, Housen, Klierf an am CHL, wou allerdéngs Alternativen en Place gesat ginn, déi méi dem Geescht vun der Zäit entspriechen.
Déi traditionell Postbüroe wieren zum Deel net méi zäitgeméiss huet den Direkter vun der Post, Claude Strasser betount. D'Accessibilitéit vun de Büroen an och déi limitéiert Ëffnungszäiten hunn net onbedéngt fir d'Proximitéit oder d'Vereinfachung vun de Servicer geschwat. Alternative ginn et schonn an déi ginn och weider ausgebaut: den Espace Post zum Beispill.
De Claude Strasser: Wou der berode gitt. Wou der alles vun Transaktioune kënnt maachen, wat der iech bei der Post virstellt: Telecom, Finanzen an och Courrier. Dat ass dat wat der op der Gare fannt an och an der Uewerstad. Dat ass d'Post vun der Zukunft .
E wichtege Pilier ass donieft d'Zesummenaarbecht mat Partenaire wéi Supermarchéen oder anere kleng Commercen wéi dem Zeitungsbuttek an der Gemeng oder enger Tankstell. De Client soll mat de PackUp-Statiounen an enger App awer och d'Méiglechkeet hunn, selwer seng Commanden ze geréieren. Donieft kann awer och de Bréifdréier eng zentral Roll spillen.
De Claude Strasser: Dee kann, wann der zum Beispill Suen vum Bancomat braucht an d'Méiglechkeet net hutt oder iech net wëllt deplacéieren, an dir kënnt äre Bréifdréier. Dir braucht hie just ze signaliséieren, an den Dag drop kann hien iech Sue matbréngen oder der och mathuelen. En kann och aner Transaktiounen fir déi der soss an de Post Büro misst goen fir iech erleedegen.
Den Alain Penning huet selwer op engem vun de Post-Büroe geschafft, déi schonn 2016 hir Dieren zougemaach hunn, an ass haut Formateur fir d'Point Post.
Den Alain Penning: Fir mech ass dat absolut positiv, well ech e ganz aneren Job maachen. An aner Büroen, déi elo zougemaach ginn, déi kommen op eng aner Plaz, awer an hirem Rayon. D'ass elo keen dee vun Ëlwen op Esch erof fuere muss.
Zanter 2015 sinn 33 där Point Post opgaangen, déi natierlech als Virdeel hunn, datt se 6, zum Deel souguer 7 Deeg, d'Woch op hunn. 2019 sollen der weiderer uechtert d'Land bäikommen.
Sech dem "Geescht vun der Zäit" upassen. En Zil fir d’Lëtzebuerger Post. Sief et wat dat Traditionellt Geschäft mat Bréiwer a Päck ubelaangt, oder och d’Digitalisatioun. E Freideg nach huet d’Direktioun ugekënnegt, datt 4 weider Post-Büroen zougemaach ginn an duerch sougenannt Point Post a Geschäfter ersat ginn. Een Aspekt wéi Beruffer bei der Post änneren. Evolutiounen, deene sech d’Gewerkschaften net verschléissen, esou laang dat am Dialog geschitt, sou de President vun der Post-Gewerkschaft Gilbert Goergen.
Virun Jore wier diskutéiert ginn. D’Qualitéit fir de Client misst erhale bleiwen. Aarbechtsplazen dierfe keng ofgebaut ginn. Sou den Accord. En Dialoge, deen d’Postgewerkschaft haut mat der aktueller Direktioun vermësst. Fir a Verhandlunge mat der Direktioun méi staark optrieden ze kënnen, hunn e Freideg d’Post-Gewerkschaft an den LCGB e Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.
Well et e reellen Diskussiounsbedarf tëscht Gewerkschaften a Post-Direktioun gëtt, hunn d’Gewerkschafte fir Enn Abrëll e Rendez-vous beim zoustännege Minister ugefrot.