Police4 Vëloen an der Stad, respektiv zu Wolz geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen e Sonndeg 4 Vëloen uechter d'Land geklaut. 3 mol war dat an der Stad de Fall an 1 mol zu Wolz.

An der Stad war dat de Fall op der Plaz de la Gare, an der Avenue Guillaume an um Boulevard Royal. Zu Wolz gouf an der Rue de la Fontaine e Vëlo geklaut.

Zu Diddeleng an der Route de Thionville huet e Sonndeg géint 15 Auer e jonke Mann engem Jugendlechen den Telefon geklaut. Duerch d'Täterbeschreiwung konnt deen awer ermëttelt ginn, an den Telefon konnt séchergestallt ginn.

1 Führerschäin agezunn

Da mellt d'Police nach, dass an der Nuecht op e Méindeg en Automobilist tëscht Kielen a Mamer mat sengem Won e Bam gesträift huet an dunn an engem Feld un d'Stoe komm ass. De Chauffer gouf liicht blesséiert. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO