
Wéi eng Policepatrull beim Haus an der Peppenger Strooss ukomm ass, koumen 2 Abriecher hannen aus dem Haus no vir op d'Strooss gelaf, wou 2 aner Männer op si gewaart hunn. Déi hate wuel d'Ëmgéigend am A behal.
An Zweeërgruppe sinn d'Brigangen dunn an Direktioun Krautem, respektiv Beetebuerg fortgelaf. Den Zeien huet och dës Informatioun der Police matgedeelt, déi doropshin eng gréisser Sichaktioun mat e puer Patrulle an och Spierhënn lancéiert huet. Mat Succès - déi 4 Männer konnten zu Peppeng gestallt ginn.
Op Uerder vum Parquet goufen déi Verdächteg festgeholl a koumen een Dag méi spéit virun den Untersuchungsriichter.