
Aktuell sinn 89 Patienten hospitaliséiert, dovunner 21 (-2) op der Intensivstatioun.
Et ass déi éischte Kéier, datt eng Persoun ënner 30 Joer gestuerwen ass.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Den 14. Januar goufe 362 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Am Ganze sinn dat elo 3.233 Leit, déi hir Piqûre kruten.