
D'Unitéit vun der Douane, déi um Findel de Cargo kontrolléiert, huet de leschten Dënschdeg 462.000 Zigarette saiséiert.
Eng Charge aus Hongkong sollt a Groussbritannien geliwwert ginn - wéi den Inhalt, 30 Bakiewen, kontrolléiert gouf, hunn d'Beamte gemierkt, datt si mat Zigarette voll geprafft waren.
Net manner wéi 2.310 Staange waren dra verstoppt a sollten iwwer dee Wee op d'Insel geschmuggelt ginn.
D'Douane huet Plainte gemaach an de Parquet informéiert.
D'Strof fir de Schmuggel vun esou villen Zigarette géif sech de Gesetzer no op 520.000 Euro belafen.
De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech op der Plaz informéiert an de Beamte felicitéiert.
