Coronavirus zu Lëtzebuerg491 Neiinfektioune bei 10.366 Tester, 1 weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi a Verbindung mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 145 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 491 positiv geteste Patienten, den Taux de positivité läit bei 4.74 Prozent. D'Zuel vun den Hospitalisatioune gouf um Weekend net publizéiert.

Zanter dem Samschdeg, 27. Juni gi weekends just d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Neiinfektiounen an den Doudesaffer matgedeelt. Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn, esou wéi och d'Zuel vun de Leit an de Spideeler ginn zanterhier ëmmer méindes publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO