Am Lokalen5 Accidenter e Méindeg den Owend, Camionnette géint Bam e Dënschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt koum et zanter e Méindeg den Owend zu e puer Accidenter queesch duerch d'Land.
© Domingos Oliveira / RTL

A sengem Bulletin mat de CGDIS 5 Accidenter e Méindeg den Owend mat jeeweils engem Blesséierten. Eng éischte Kéier hat et kuerz no 18 Auer um CR119 vum Stafelter a Richtung Eesebuer gerabbelt.

Géint 18.45 Auer hat sech um CR329 Nidderwampech a Richtung Uewerwampech e weidert Gefier iwwerschloen.

Zu Stroossen sinn an der Rue du Bois zwee Autoen net laanschtenee komm.

Op der N17B Furen an Direktioun Bëttel ass géint 20.23 Auer e Won op der Kopp gelant.

Da krut e Gefier zu Rammerech an der Rue Principale e Luuchtepotto ze paken.

Weider mellt de CGDIS nach en Accident en Dënschdeg de Moie géint 10.50 Auer um CR131 tëscht Buerglënster a Jonglënster, wéi e Chauffer d’Kontroll an enger liichter Rietskéier iwwert säi Gefier verluer hat. Do war eng Camionnette an de Bam gaangen. De Chauffer huet nach missten op der Plaz behandelt ginn a koum dono an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO