1125 Blesséierter bei 3 Accidenter um Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht der Houschterdéckt an Housen si géint 6.45 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Zwou Persounen gi blesséiert.

D'Ambulanz vun Dikrech an den Asazzenter vun Housen waren op der Plaz.

Géint 8.40 Auer gouf et nach en Accident tëscht 2 Autoen, dat an der Eecher Strooss an der Stad. Hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer an den Asazzenter aus der Stad goufe geruff.

Géint 9.45 Auer dunn gouf et nees en Accident tëscht 2 Autoen, déi Kéier op der Escher Autobunn tëscht Leideleng an dem Zéissenger Kräiz. 2 Persoune goufe blesséiert. D'Ambulanz vu Beetebuerg an den Asazzenter aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO