CGDIS5 Blesséierter bei am Ganze 4 Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet et en Donneschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Freideg e puer Mol gerabbelt.
© RTL Archivbild

Géint 17.30 Auer waren zu Péiteng zwee Ween aneneegerannt. Zwou Persoune goufen dobäi verwonnt.

Zu Miersch war géint 17.40 Auer eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. De Samu huet missen op d’Plaz fueren.

Dräi Autoen hate sech méi spéit géint 00.15 Auer op der Escher Autobunn op der Héicht vu Leideleng ze pake kritt. Hei sinn zwee Blesséierter ze bekloen.

Kuerz virun 01.30 Auer war dann nach en Auto zu Wallenduerf-Bréck an de Gruef geroden. Dem 112 no gouf hei eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO