Uechtert d'Land5 Blesséierter bei Verkéiersaccidenter e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 17.30 Auer gouf et en Accident tëscht der Sortie Waldhaff an der Jonctioun Gréngewald. Zwee Ween waren dra verwéckelt.

1 Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Mäertert an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen an aus der Stad.

Um Kierchbierg hat um 17.30 Auer um Boulevard Konrad Adenauer en Automobilist e Foussgänger net gesinn a krut deen ze paken. Hei ass de Bilan 1 Blesséierten. D'Stater Pompjeeën an Ambulanz waren am Asaz.

Ugestouss an dobäi verwonnt gouf och e Cyclist zu Märel an der Rue Beatrix de Bourbon. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad op der Plaz.

Ëm 20.10 Auer sinn zwee Ween am Helleggeescht-Tunnel net laanschtenee komm. 1 Persoun ass bei der Kollisioun blesséiert ginn. Sur place waren d'Stater Ambulanz a Pompjeeën.

An der Weilerbaach krut en Auto géint 20.45 Auer d'Leitplank ze paken. 1 Blesséierten ass hei de Bilan. D'Fielsser Ambulanz, wéi och d'Pompjeeë vu Bäerdref/Bollenduerf an Iechternach waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO