
Am Lokale mellt de CGDIS eng ganz Rei Accidenter op de Stroossen.
An der Stroossbuerger Strooss an der Gare sinn e Freideg am spéide Mëtten 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf blesséiert.
An der Réimescher Strooss zu Mutfert kruten sech owes e Bus an en Auto ze paken. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Géint Véierel op 8 e Freideg den Owend goufe bei engem Accident mat zwee Gefierer zwou Persoune blesséiert. An der Nuecht gouf et 1 Blesséierten tëscht Schous an Angelsbierg.
Doriwwer eraus mellt de CGDIS zwou Interventiounen am Süde vum Land well en Auto, respektiv Holz gebrannt huet. Hei gouf kee verwonnt.