
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si 5 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.050.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.896 positiv Fäll bei ronn 5.056 Tester. E Sonndeg waren et 34 nei Fäll, e Samschdeg 840 am e Freideg 1.022.
Den Ament si 34 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.277.223 Impf-Dosisse genotzt, 472.595 Persoune si komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.