Fanger ewech vum Trëntengerdall5 Gemenge wiere sech géint d'Reklassement vun Natur- a Landschaftsschutzgebitt

Monique Kater
Kee Naturschutzgebitt an den Trëntengerdall, Nee zu 1.700 Hektar Enteegnung, Jo zum eegeverantwortlechen Ëmweltschutz.

Den Trëntengerdall wäert an eng Naturschutzzon vu nationalem Interessi ëmklasséiert ginn. Et ass e Projet, deen zënter 2017 an der Maach ass an deen en Areal vu ronn 1.700 Hektar betrëfft. Presentéiert gouf d’Konzept esou wéi wat dat Ganzt konkret um Terrain bedeit bis ewell an zwou Informatiounsversammlungen. An do huet sech gewisen, dass méi wéi ee mat dësem “neien Trëntengerdall” net kann, respektiv net wëll liewen.

Fanger ewech vum Trëntengerdall
5 Gemenge wiere sech géint d’Reklassement vun Natur- a Landschaftsschutzgebitt

Nee Merci, Stopp, bleift hei ewech…domadder wier u sech alles vun hirer Säit gesot, wann et dann esou einfach wier. Ass et awer net, well Naturschutz wéilten och si, mä eben net dee vun uewen erof diktéierten, erkläert de Jean-Claude Muller, Bauer vu Conter. Provozéieren – Jo, a weisen, dass mat hinnen net kéint Schlitt gefuer ginn, sou interpretéiere mir d’Aktioun vun de Baueren aus dem Dall, déi sech riets leie gelooss fillen.

Wier et si net ginn, géif et och dee schéinen Dall net, soen déi, deenen hir Famillje schonn iwwer e puer Generatiounen hei schaffen a liewen. Si fäerte ganz einfach, dass d’Zukunft vun hirem Betrib duerch nach méi streng Reegelen an trotz méi Subsiden a Gefor ass.

Den Edmond Fisch, Mëllechbauer vun Ierseng, fäert, dass hie mat sengem Aussiidlerhaff eescht Problemer kritt. Et hätt een haut als Betrib scho genuch Oplagen.

D’Skepsis vis-à-vis vum Ëmweltministère zitt sech iwwregens duerch dee ganzen Trëntengerdall bis an d’Wéngerten, an deemno fäert och de Jean-Marie Vesque, Wënzer vu Briedemes, dass hinne mat deem neie Landschafts- a Naturschutzgebitt d’Liewe méi schwéier gemaach gëtt.

Falsch! Äntwert de Vertrieder vum Ëmweltministère, et wier een um Avant-Projet, et wier näischt decidéiert an et wier ee wierklech prett, d’Reglement unzepassen a mat de Baueren an Awunner aus de fënnef Gemengen ze schwätzen, sou de Gilles Biver, Direkter vun de Ressources Naturelles am Ëmweltministère. Et kéint een Text a Reegelen nach adaptéieren.

Den Trëntengerdall – déi 1.700 Hektar – wieren e fir Lëtzebuerg exzeptionellt Landschaftsschutzgebitt, jo méi grouss wéi gemengerhand en Naturschutzgebitt ass, mä dofir mat manner strenge Reegelen.

Naturschutzgebitt Trëntengerdall / Rep. Danielle Goergen

Extrait Gilles Biver
De Gilles Biver, Conseiller de Gouvernement 1ere classe an Direkter vun de Ressources Naturelles am Ëmweltministère iwwer d’Lancement vum Projet Trëntengerdall.
Extrait Gilles Biver
Esou e wäertvollt Landschaftsschutzgebitt géif et nach net hei am Land, dat wéilt een zesumme mat de Baueren an den Awunner maachen a sachlech diskutéieren.
Extrait Kris Hansen
De Kris Hansen war bei der Presentatioun vum Projet de leschten Dënschden mat dobäi, fir sech iwwert déi geplangten Naturschutzzon z’informéieren.
Extrait Thomas Wolter
D’Gemeng Waldbriedemes läit matten am geplangte Naturschutzgebitt Trëntengerdall, erkläert de Buergermeeschter.
Extrait Jean-Marie Vesque
Och de Wënzer fäert, datt hie Wéngerte wéinst ze strengen Oploe muss opginn.
Extrait Jean-Claude Muller
Hien ass der Meenung, dass ee sech muss manifestéieren an d’Leit mobiliséiert musse ginn. Fir datt de Ministère de Bierger iwwerhaapt nolauschtert.
Extrait Jean-Claude Muller
D’Baueren aus de 5 Gemengen hätten dofir gesuergt, dass d’Natur esou ass, wéi se eben elo wier. Si bräichte keen Diktat vun uewen.

Back to Top
CIM LOGO