Urteel de 4. Februar5 Joer Prisong gefrot wéint 2 Fäll vu Brandstëftung zu Esch

RTL Lëtzebuerg
5 Joer Prisong: Dat huet de Parquet fir e Mann vu 56 Joer gefrot, dee sech wéinst zwee Fäll vu Brandstëftung zu Esch hat misse veräntweren

Geriicht: Brandstëftung

Zu de Faite war et am Mäerz/Abrëll 2018 bannent nëmme 24 Stonne komm. Fir d'éischt soll de Beschëllegten nuets e Moto ugefaangen hunn, deen nieft enger Residence stoung; d'Flamen haten op d’Isolatioun vun der Fassad iwwergegraff, soudass déi 10 Leit aus dem Appartementshaus hate missen evakuéiert ginn. An der Nuecht drop soll den Ugekloten dunn nobäi en Auto a Brand gestach hunn.

De Mann ass keen Onbekannten: 2016 war hien ewell an zweeter Instanz zu zwee an engem hallwe Joer Prisong mat Sursis veruerteelt ginn, well hien am Mee 2014, och zu Esch, e Camion vun enger Isolatiounsfirma soll ugefaangen hunn. Fir e Psychiater ass de Beschëllegten dann och e Pyroman, deem säi Pronostic fir d'Zukunft schlecht ass, well de Risk vun enger Widderhuelung besteet.

Den Ugekloten, deen zanter 21 Méint an Untersuchungshaft sëtzt, war virzejoert op Grond vu Biller vun der Iwwerwaachungskamera vun enger Apdikt identifizéiert ginn. Eréischt wéi hie mat deene Videobiller konfrontéiert gouf, hat hien zouginn, awer just deen zweete Brand. Dee wär allerdéngs méi en Accident gewiescht: De Mann wëll nämlech en Torchong geholl hunn, wéi seng Nues geblutt hat, en Zigrettestomp dora gewéckelt an den Torchong ewechgehäit hunn; deen hätt du Feier gefaangen. Speziell war, dass de Mann bei senger Interpellatioun 15 Briquete bei sech hat! Woubäi dee Fait fir de Me Veneau, Affekot vum Mann, aus deem nach kee Pyroman mécht.

Nodeems d'Proprietäre vum Moto a vum Auto Schuedenersatz vun am Ganze 5.500 € gefrot haten, huet de Vertrieder vum Parquet fonnt, déi 15 Briquete géifen awer eng Rëtsch Froen opwerfen. Dass beim 1. Feier d'Flamen net op d'Residence iwwergegraff hätten, wär och net de Verdéngscht vum Mann, dee wéinst der wëllentlecher Zerstéierung vum Moto a vum Auto fir eng Handvoll Joren an de Prisong soll.

Hie sollt awer vun der Circonstance atténuante profitéieren, dass hien zum Zäitpunkt vun de Faiten net komplett responsabel war, sou wéi de Psychiater et festgehalen hat.

De 4. Februar gëtt d'Urteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO