
Zejoert gouf an zwou Phasen den Niveau vun de Schuedstoffer, déi notamment duerch den Trafic entstinn, gemooss. De Fazit: d‘Loftqualitéit ass gutt.
Fir d'Campagne "Besser Loft fir méi Liewensqualitéit" gouf zesumme mat de Gemengen op 102 Plazen am ganze Land den Niveau vum NO2 gemooss. Wéi ass d’Situatioun? Wéi kann ee se verbesseren?, wollt ee wëssen. Och de Bierger sollt sensibiliséiert ginn.
D'Gemengen hunn hir Miess-Plaze selwer ausgesicht. Dës misste representativ fir d'Gemeng sinn, well entweder vill Leit do wunnen, den Trafic héich ass oder well en Ëmbau oder eng Ëmleedung geplangt ass an ee wësse wollt, wat dës Ännerung mat sech zitt. Gemooss gouf wéi gesot an zwou Phasen, erkläert de Claude Magar vun der Ëmweltverwaltung: "Déi éischt Phase ass ofgeschloss, do hate mer 29 Gemenge mat 76 Miessplatzen, plus dann nach 11 Miessplatze vun eis, déi mer doruechter haten an nach déi Platze vun der Gemeng Lëtzebuerg, déi dat awer an eegener Regie mëscht. An der Phase 2 hu mer nach 24 Gemengen déi matmaachen a 56 Miessplatzen."
Vun den 102 Plazen haten der fënnef en erhéichten Niveau vun NO2. Dëst zu Déifferdeng, zu Iechternach, zu Esch, zu Hesper an um Boulevard Royal an der Stad. Op 11 weidere Plaze war een um Limitt.
"Do muss een awer och dozou soen, dass dat raimlech begrenzte Plaze sinn. Dat ass net, wann elo hei steet zu Déifferdeng do iwwerschreide mer de Grenzwäert, dann ass dat op präzise Stroossenzich, wou mer de Grenzwäert do iwwerschreiden. Dat ass net iwwerall an deenen Uertschaften. Dat ass wierklech Trafic bedéngt. Wann een awer elo bësse méi weit kucke geet oder och nëmmen an d'Strooss hannendru kucke geet, dann ass dat schonn eng ganz aner Gei."
Weider seet de Claude Magar vun der Ëmweltverwaltung, dass déi fënnef Plaze mat ze vill NO2 a Stied mat vill Trafic waren. Am ländleche Raum gouf et keng Problemer.
Dëst Joer da gouf et 3 méi opfälleg Momenter. Dat war zum Beispill am Februar, well am Wanter d'Schuedstoffer net kënnen offléissen. D‘Wieder an awer och den Trafic spillen eng grouss Roll.
"Am August hu mer Congé collectif, et si wéineger Leit am Haus oder am Land. An do gesäit ee ganz kloer den Afloss vum Trafic ob NO2-Emissioun, just nëmmen dee manner Trafic dee mer hunn. Et war jo net, dass mir guer keen Trafic haten, et war es ebe manner."
Generell gouf an de leschte Joren op den offizielle Statiounen eng Tendenz no ënne gemooss. E positiven Effekt hat och den Tram an der Stad.
Am Grousse Ganzen huet Lëtzebuerg deemno eng gutt Loftqualitéit. Trotzdeem huet d'Ëmweltverwaltung eng drëtt Phas vum Projet geplangt, déi fänkt am Januar d’nächst Joer un.
Ween elo nach méi iwwer d'Loftqualitéit vu senger Uertschaft wëll erausfannen, kann dëst mat Hëllef vun der Applikatioun "Meng Loft" nokucken.