
En Dënschdeg den Owend gouf d'Police géint 21.30 Auer wéinst enger Ausernanersetzung an engem Restaurant an d'Avenue de la Liberté op Déifferdeng verstännegt. Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt zwee Männer dem Bedreiwer ugebueden hunn, eng Zomm vun 20.000 Euro Boergeld mat enger gewësser Method ze verduebelen. Nodeem hien hinnen d'Sue ginn hat, ass ee vun de Männer fortgelaf. Deen aneren awer konnt vun der Police op der Plaz nach ugetraff an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Zwee Handye goufe saiséiert. D'Sich nom zweeten Täter an domadder och nom Boergeld war ouni Succès.
Zu Gaasperech dann huet en Dënschdeg de Mëtteg d'Sécherheetspersonal vun engem Geschäft um Boulevard Friedrich Wilhelm Raiffeisen e Mann observéiert, dee bei enger Anlag, wou ee Vëlo kann ofstellen, hantéiert huet. Den Observatiounen no huet de Verdächtegen do eng E-Trottinett geklaut an ass dono mat där geflücht. Beamte vun der Police konnten hien awer stoppen. Beim Mann goufen zwee Handyen, Boergeld an Geschier, fir Saachen opzebriechen, séchergestallt. Am Kader vu weideren Ermëttlunge gouf et Indicen, datt hie schonn op anere Plazen änlech virgaange war. De Roller, deen de Mann geklaut huet, gouf sengem Besëtzer zeréckginn. De Verdächtegen hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
An der Rue d'Eich goufen dann zwee Männer festgeholl, déi onerlaabt an enger Wunneng waren an hei méi Persoune menacéiert hunn. Eng vun de Persounen, déi an der Wunneng present waren, huet uginn, mat engem Messer menacéiert ginn ze sinn. Déi zwee Verdächtegt konnte vun enger Patrull ugetraff ginn. Si haten Déidungsmëttel, Verpackungsmaterial, Boergeld, e Messer an aner Géigestänn bei sech, déi séchergestallt goufen. De Parquet huet béid Männer verhafte gelooss a si koume virun den Untersuchungsriichter.
Am Stater Garerquartier goufen en Dënschdeg den Owend dann zwee Männer kontrolléiert, bei deenen de Verdacht bestanen huet, datt si an en Drogendeal verwéckelt waren. Ee vun de Männer ass, wéi hien d'Police gesinn huet, fortgelaf an huet dobäi eng Titchen ewechgehäit. Hei huet sech erausgestallt, datt doranner 97 Gramm Haschisch waren. De Mann konnt awer gestoppt ginn a bei him gouf eng Wo, e Messer, en Handy a Boergeld fonnt a séchergestallt. De Verdächtege hat dono Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.