Op Uerder vum Parquet5 Permise bei Alkoholkontrollen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 20 Auer e Sonndeg an 1.30 Auer e Méindeg huet d'Police tëscht Bëttel a Reisduerf, Gilsdref an Dikrech Alkoholkontrollen duerchgefouert.

Ganzer 394 Chaufferen hu missen op de Strecken RN10 tëscht Bëttel a Reisduerf, op der RN17 zu Gilsdref an op der RN7 zu Dikrech blosen.

An 10 Fäll war d’Resultat positiv, wouduerch 6 Protokoller a 4 Verwarnungen ausgestallt goufen. Fir 5 Chauffere war de Bong nach op der Plaz ewech.

E weidere Permis gouf kuerz virun 22 Auer zu Keespelt agezunn. Dat nodeems eng Automobilistin mat hirem Gefier accidentéiert war. Schonn éier et zum Accident koum, hunn Zeie gesinn, wéi den Auto a Schlaangelinnen an deels iwwert den Trottoir gefuer war. An der Rue Durenthal hunn d’Beamten d’Automobilistin mat hirem Won op enger Verkéiersinsel ugetraff. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d’Fra ze vill gedronk hat. Well si den zoulässegen Héchstwäert iwwerschratt hat, gouf hire Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO