
Zu Réimech war géint 16.15 Auer an der Rue du Château e Chauffer hannert dem Steier ageschlof, nodeems hie säin Auto esou geparkt hat, datt dësen de Verkéier gehënnert huet. Den Alkoholtest war deementspriechend positiv.
Zu Lankel géint 20.15 Auer war en Automobilist bei engem Stoppschëld vun der A4 op d’A13 ofgebéit, wéi hien en anert Gefier iwwersinn huet an an dëse gerannt ass. Deen anere Won huet sech dobäi iwwerschloen. Bei der Kontroll gouf beim Automobilist, deen d’Gefier net gesinn hat, en ze héijen Alkoholafloss festgestallt.
Zu Iewerleng an der Haaptstrooss war e Gefier géint 22.45 Auer an e Gruef geroden, wouduerch d’Airbaggen ausgeléist goufen an de Chauffer liicht blesséiert gouf. Och hei war den Automobilist alkoholiséiert ënnerwee.
Op A13 an Héicht vu Fréiseng gouf géint 3.50 Auer en Auto gemellt, deen a Schlaangelinne gefuer war. Eng Patrull konnt de Chauffer op der Ausfaart Fréiseng stoppen. Hien huet de Fürerschäin wéinst dem Alkohol missten ofginn.
Um Samschdeg tëscht 23 a 24 Auer goufen d’Chaufferen zu Hesper an der Rue de Gasperich kontrolléiert. Weider Kontrolle goufen et um Sonndeg tëscht 1 an 2 Auer an der Stad an der Rue de Rollingergrund an tëscht 3 a 4 Auer an der Rue des Aubépines an der Stad.
Eng 119 Automobilisten hu misste blosen, dovu war den Alkoholtest an 8 Fäll positiv. 8 Protokoller goufe geschriwwen an 1 Permis gouf direkt agezunn.