
Eng Persoun gouf bei dësem Virfall blesséiert. Op der Plaz waren d’Ekippe vu Lëntgen a Keelen.
Um kuerz no 13 Auer e Méindeg ass e Motocyclist mat sengem Moto op der A6 tëscht dem Wandhaff an der Air de Capellen gefall. Hie gouf dobäi blesséiert. Sur Place waren d’Asazkräfte vu Mamer, Koler an aus der Stad.
Géint hallwer 2 krute sech dann nach op der N7 tëscht Houschent a Lëpschent zwee Autoen ze paken. Hei goufen 2 Persoune blesséiert. Ekippen vu Klierf, der Nordstad an Housen waren op der Plaz.
Wéinst der Hëtzt huet et op verschiddene Plazen dann och nach gebrannt, dat zu Schuller an zu Suessem, wou all Kéiers eng Heck Feier gefaangen huet. An op der N19 a Richtung Bettenduerf hat e Koup Holz Feier gefaangen. Kengem ass eppes bei dëse Virfäll geschitt.