Police5 positiv Alkoholtester, 1 Automobilist ënner Drogenafloss

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, haten an der Nuecht op en Donneschdeg eng ganz Rei Automobilisten ze vill gedronk. Direkt e puer Permisen hu missen agezu ginn.
© RTL Archiv

E Mëttwoch den Owend géint 20.30 Auer war en Auto mat enger opfälleger Fuerweis op der A13 a Richtung Belsch gemellt ginn. D'Gefier konnt zu Nidderkäerjeng lokaliséiert ginn. Op der Plaz konnten d'Polizisten en erhéichten Alkoholafloss moossen. Resultat war e Fuerverbuet.

Kuerz virun 2 Auer an der Nuecht ass an der Stad een Auto opgefall, deen um Pont Adolphe de falsche Wee iwwer d'Tramsschinne gefuer ass, dëst mat erhéichter Vitess. D'Police konnt de Chauffer kuerz drop stoppen. Och hei koum et zu engem Fuerverbuet an enger Plainte, well den Alkoholtest positiv ausgefall ass.

An der Rue Dicks an der Stad ass da kuerz virun 3 Auer e weideren Automobilist wéinst senger Fuerweis opgefall. Bei der Kontroll konnt een ze héijen Alkoholpeegel konstatéiert ginn. Well de Mann onkooperativ war an eng Gefor fir sech selwer a fir Drëtter war, koum hien an de Passagearrest.

Am Laf vum Owend hunn da wéinst positiven Alkoholtester zwee weider Permise missen agezu ginn. Dëst an der Schleef an zu Giwenech. Zu Miersch ass da Plainte géint e weideren Automobilist gemaach ginn, well dësen ënnert Drogenafloss stoung.

Back to Top
CIM LOGO