Statec-Etüd50% vu Lëtzebuerger ënner 25 Joer krut Handy mat 12 Joer

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Etüd vum Statec geet ervir, datt 2021 99% vun den Awunner tëscht 16 a 74 Joer den Internet benotzen, 90% vun hinnen iwwert de Smartphone.

62% vun de Residentë geet iwwert de Laptop online, 45% notzen en Tablett fir am Internet ze surfen an 41% ginn de Wee iwwert de Computer.

Ma den Accès iwwer Computer oder Tablet notzt éischter déi méi al Generatioun tëscht 65 a 74 Joer (52%), trotzdeem geet hei de Gros (73%) iwwert de Smartphone online. D'16 bis 24 Joer al Awunner ginn och léiwer iwwert den Handy an den Internet (97%) an 63% notzen dofir de Laptop.

Och wéi laang d’User um Handy sinn, verännert sech mam Alter. E Véierel vun de 16 bis 24 Joer ale Residenten notzt den Handy iwwer 5 Stonnen den Dag. An der Altersklass tëscht 25 a 54 Joer sinn et just nach 8%, déi stonnelaang de Smartphone notzen. 57% vun den iwwer 65 Joer ale Lëtzebuerger ass net emol eng Stonn um Handy.

© Statec

85% vun de Jonken tëscht 16 a 24 Joer notzt de Smartphone fir sozial Medie wéi Facebook, Twitter an Instagram géint nëmmen 38% bei de 65 bis 74 Joer ale Lëtzebuerger. 89% ginn iwwert den Handy op Messengerdéngschter wéi WhatsApp, Viber oder Snapchat, hei gëtt et keen all ze groussen Ënnerscheed zu der méi eelerer Generatioun mat 70%, déi Noriichten iwwer esou Déngschter verschécken a kréien. Musek iwwert den Handy lauschteren 90% vun de Jonke par Rapport zu 31% vun de 65 bis 75 Joer alen Awunner. Bei Plattforme wéi YouTube oder TikTok läit déi méi jonk Generatioun mat 84% kloer iwwert de 27% bei der eelerer Generatioun.

2021 krut d’Hallschent vun de jonke Lëtzebuerger ënner 25 Joer hiren éischte Smartphone mat 12 Joer.

© Statec

Déi ganz Etüd vun der Statec.

Back to Top
CIM LOGO