All 6. Jonken, dee muss placéiert ginn53 Mannerjäreger am Ausland den Ament placéiert

Roy Grotz
Aktuell ginn et 53 Mannerjäreger, déi an auslänneschen Institutioune vun de Geriichter placéiert sinn.

Dëst ass ronn all sechste Jonken, deen huet misste placéiert ginn. Dës Jonker goufen duerch e Jugement, eng “Mesure de congé” oder eng “Mesure de garde provisoire” placéiert.

Am Prinzip sinn dës Placementer an Institutiounen oder Familljen an der Belsch an an Däitschland, mee et ginn där och an Italien, Ungarn, Portugal a Rumänien.

D’Placementer geschéien zum Beispill, well sech Elteren net méi kënnen ëm Kanner bekëmmeren oder well déi Jonk e schlëmme Passé hannert sech hunn, sou datt se eng intensiv therapeutesch Betreiung brauchen.

Dat schreiwen d’Ministeren Tanson a Meisch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Weider heescht et, datt all Mannerjäregen, deen am Ausland placéiert ass, virdrun hei am Land vun enger Institutioun en Charge geholl gouf - wann eng méi intensiv Betreiung dann néideg ass an et hei am Land keng Moyenen ginn, fir op spezifesch sozio-edukativ Besoinen eng Äntwert ze ginn, sinn d’Geriichter gezwongen, esou eng Mesure am Ausland unzefroen.

Back to Top
CIM LOGO