Vum Parquet ordonéiert Alkoholkontrollen532 Automobilisten hu musse blosen, 8 Fürerschäiner goufen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Souwuel e Freideg an der Nuecht, wéi och vun e Samschdeg op e Sonndeg waren uechter d'Land e sëllegen Alkoholkontrollen.

Dës goufen op Uerder vum Parquet duerchgefouert op folgende Plazen:

  • An der Nuecht vum Freideg op der Autobunn, Sortie Héicht Fréiseng
  • An der Nuecht op e Sonndeg op der Areler Strooss an der Stad
  • An der Nuecht op e Sonndeg an der Avenue Marie Thérèse an der Stad
  • An der Nuecht op e Sonndeg an der Avenue John F. Kennedy an der Stad.

Alles an allem goufe 532 Automobiliste kontrolléiert. A 24 Fäll war den Alkoholtest positiv. Bei 8 Persoune war de Peegel esou héich, dass se de Fürerschäin direkt op der Plaz hu mussen ofginn.

Weider Kontrollen

Nieft dëse Kontrollen, sinn awer och nach aner Automobilisten op anere Plazen negativ opgefall. Sou z.B. zu Esch an der Rue Batty Weber, wou e Chauffer e Samschdeg géint 21 Auer nawell sportlech ënnerwee war, an op riichter Streck Slalom gefuer ass. Den Automobilist gouf gestoppt an huet musse blosen. Den erlaabten Héchstwäert war iwwert der Duebelt iwwerschratt, an domat de Fürerschäin direkt fort.

Quasi ëm déi selwecht Auerzäit ass zu Nidderkuer an der Avenue Liberté en Automobilist opgefall. Wéi den Auto kontrolléiert gouf, ass festgestallt ginn, dass d’Plack just als “reservéiert” agedroe war. De Chauffer hat dann och däitlech ze vill Alkohol am Blutt a war säi Fürerschäin dann och direkt lass.

Back to Top
CIM LOGO