Lëtzebuerger Arméi wiisst56 nei Zaldote bei 209. Promesse solennelle an der praller Sonn

François Aulner
Lynn Cruchten
56 Rekrutte sinn en Dënschdeg vollwäerteg Zaldote ginn. Zu Useldeng gouf déi 209. "Promesse solennelle" gefeiert - d'Vereedegung vu Rekrutten, déi hire Basis-Training gepackt hunn.

Am schéine Schlass zu Useldéng waren iwwer honnert Familjememberen a Frënn vun den neien Zaldoten an der praller Sonn versammelt. E Gemengenaarbechter huet hinne spontan Waasser ausgedeelt. D'Frëndin vun engem Zaldot sot: "Ech si mega zefridden a mega stolz op hien". E Brudder koum fir seng Schwëster vu Berlin: "Es ist spannend. Es war sehr anstrengend und dann ist es schön, dass sie es am Ende geschafft hat". Eng Mamm war "émue", also beweegt, well et no bal 13 Joer hei am Land schéi wier, bei esou engem Evenement dobäi ze sinn an hirem Jong bei dëser Promesse nozekucken.

209. Promesse solennelle / Reportage: François Aulner

Déi 56 nei Zaldote koume Gewier op der Schëller an den Haff eramarschéiert an dunn de Fändel, d'Offizéier a puer Politiker, dorënner de Buergermeeschter Léon "Pollo" Bodem an d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. Wéi jiddereen en place war, hunn d'Zaldoten hiren Eed ofgeluecht.

Beschte vun dëser Promotioun war de Kevin Hut. Op déi aktuell Weltlag ugeschwat, sot hien, hie wier bereet: "Et probéiert een ëmmer dat bescht ze maachen an ech weess firwat ech heihinner komm sinn."

56 nei Zaldote bei 209. Promesse solennelle an der praller Sonn
56 Rekrutte sinn en Dënschdeg vollwäerteg Zaldote ginn. Zu Useldeng gouf déi 209. "Promesse solennelle" gefeiert - d'Vereedegung vun neie Rekrutten.

Ausbau vun Arméi "um gudde Wee", mee I.B. "méi liicht"

90 Leit hu bei dëser Basis-Instruktioun - d'I.B. - matgemaach. 56 hunn et gepackt. De Commandant des forces Alain Schoeben sot a senger Ried, dat géing 62% duerstellen, wat an der der Moyenne géing leien. "Komesch" wier, datt ewéi bei de "Partië" virdrun 10% déi direkt an der éischter Woch opginn hätten, well se et net gepackt hätten «e Minimum aus hirer Comfort-Zone erauszekommen», obwuel een déi éischt Woch Mol net wierklech um Terrain wier.

56 nei Zaldoten ass relativ vill. Bei de Partië virdru waren et der 42, 52. Virun 2 Joer just 33. Fir den Alain Schoeben wier ee vun dohier "um gudde Wee", fir d'Arméi auszebauen. D'Publicitéit an nei finanziell Virdeeler géingen hir Friichten droen. Hien huet den neien Zaldote gratuléiert, mee sot och: "Dat wëll net elo soen, datt dir ganz Uewen ukomm sidd, et ass nach e wäite Wee. An ech wëll just bemierken, datt d'IB méi liicht ass an der leschter Zäit, ewéi se déi Jore virdru war. Se ass méi liicht, se ass méi progressiv".

D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet weider Verbesserungen an Aussiicht gestallt. Si huet de Rekrutte Merci gesot, well si mat d'Wäerter vun de fräien europäeschen Demokratië géinge verdeedegen. Am Ganzen zielt d'Lëtzebuerger Arméi 1.230 Leit – 12% dovunner si Fraen. Och bei der 209. Promesse solennelle waren 12% Fraen.

Fir de Chef d'Etat Major Steve Thull war et no 6 Joer un der Spëtz vun der Arméi wuel déi läscht promesse. Den 1. Oktober iwwerhëlt de Claude Robinet de Kommando.

D'Schreiwes vum état-major de l’armée

Back to Top
CIM LOGO