
Den 22. Juli goufen hei am Land an Zesummenhang mat engem dräifache Mord da Südafrika zwou Persounen am Alter vu 44 an 71 Joer festgeholl. En Dënschdeg huet de Parquet vu Coutances am Nordweste vu Frankräich weider Detailer zu dëser Affär matgedeelt. Dat mellt déi franséisch Noriichtenagence AFP.
Deemno wieren den 11. Juli op zwou verschiddene Plazen an der Ëmgéigend vun der südafrikanescher Haaptstad Pretoria d'Läiche vun dräi erwuessene Persoune fonnt ginn. Bei dëse soll et sech ëm eng Koppel aus der Géigend vun Avranche am franséischen Departement Manche handelen, déi een Dag virdrun zesumme mat hirer mannerjäreger Duechter a Südafrika ukomm wier. Beim drëtten Affer soll et sech ëm d'Groussmamm vum Meedchen handelen.
Beim 44 Joer ale Mann, deen zu Lëtzebuerg verhaft gouf, soll et sech ëm de Papp vum Meedchen an den Ex-Partner vun der doudeger Fra handelen. Dëse gouf jo op Basis vun engem europäesche Mandat d'arrêt, dee vum Parquet vu Coutances ausgestallt gi war, hei am Land festgeholl. Beim 71 Joer ale Mann, deen och festgeholl gouf, handelt et sech ëm säi Kompliz. Nei ass d'Informatioun, dass d'Duechter den Ament vum Policeasaz bei him war. Si gouf vun de Lëtzebuerger Polizisten a Sécherheet bruecht an nach den nämmlechten Dag zeréck a Frankräich bruecht, deelt de Parquet vu Coutances mat.
Déi zwee presuméiert Auteure vum Mord a Südafrika sollen deemnächst u Frankräich iwwerstallt ginn. Si solle sech wéinst Mord, Entféierung vun enger mannerjäreger Persoun ënner 15 Joer an dem Forméiere vun enger Krimineller Vereenegung musse veräntwerten.