Aascht op Foussgänger zu Bäerdref gefallBetraffe Persoun ass un de Suitte vun hire Blessure gestuerwen
RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war eng Persoun bei engem Spadséiergank am Bësch zu Bäerdref schwéier blesséiert ginn. En Aascht war vun engem Bam lass gebrach an erof op de Foussgänger gefall.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D'Rettungsdéngschter haten d'Persoun versuergt. Wéi et awer en Dënschdeg heescht, hätt d'Affer d'Ongléck net iwwerlieft. D'Police huet op Nofro vun RTL confirméiert, datt d'Persoun an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg am Spidol gestuerwe wier.