Dorënner si Kanner mat Bronchiolite. De Virus géing virun allem bei Puppelcher ënner 6 Méint Komplikatiounen ausléisen, ma och de Grippevirus kënnt erëm ëmmer méi op. D’Situatioun souwuel an den Dokteschpraxissen ewéi och an der Kannerklinik wier ugespaant, dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Freideg de Mueren op enger Pressekonferenz betount.
An der Kannerklinik huet een op déi aktuell schwiereg Situatioun reagéiert an huet deementspriechend d’Kapazitéiten ugepasst, seet den Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL:
“Mir hunn den Hôpital du Jour ëmfunktionéiert, fir stationär Patienten opzehuelen. Mir huelen an den Urgencë quasi stationär Patienten op, déi méi wéi 24 Stonne bleiwen, woufir se eigentlech initalement net geduecht sinn, mer doubléieren Eebettzëmmer mat zwee Better. Dat geet hei, well dat kleng Kanner sinn, déi a Gitterbetter sinn, do hu mer méi Plaz, mat grousse Kanner wier dat net méiglech, mat klenge Kanner geet dat, sou dass mer dat vun de Better hir den Ament gestemmt kréien.”
An den nächste Woche sollen och iwwer 20 nei Better bäikommen. Fir de Risk vun enger Verbreedung vum Virus an aneren Otemweeerkrankungen ze miniméieren, wier een op d’Mathëllef vun der Gesellschaft ugewisen. Zum Beispill sollen d’Elteren nëmmen an akute Fäll mat de Kanner bei den Dokter oder an d’Urgence. Iwwerdeems sollten d’Elteren hir Kanner eréischt dann erëm an d’Crèche ginn, wa se erëm ganz gesond sinn. En Zertifikat fir de sougenannte Congé pour raisons familiales kéinten d’Elteren och beim Hausdokter kréien. Och wier et nëtzlech d’Geste-barrièren, déi ee schonn duerch de Coronavirus kënnt, anzehalen.
Ma och de Grippevirus kënnt erëm ëmmer méi op. De Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit:
“Mir haten d’lescht Woch eng 600 am Laboratoire confirméiert Fäll zu Lëtzebuerg. Mir rechnen dës Woch op d’mannst mat enger Verdueblung, dat heescht mir sinn an zwou bis dräi Wochen um Peak vun der Grippewell warscheinlech ukomm. Normalerweis ass déi Enn Januar, Ufank Februar. Dëst Joer fält se da warscheinlech mat de Familljefester Enn des Jores zesummen an do muss ee sécherlech iwwerleeën,wéi ee sech do am beschte kann opstellen.”
Fir vulnerabel Leit recommandéiert d’Santé dowéinst eng Grippeimpfung. Wie sech elo beim Hausdokter nach impfe loosse géing, kéint nach mat Zäit eng Immunitéit opbauen, ier den Héichpunkt vun der Grippewell kënnt.