Alkoholkontrollen595 Chauffeuren hu misse blosen an 13 Fäll war den Test positiv

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police op Ufro vum Parquet Alkoholkontrollen zu Ettelbréck, der Houschter-Déckt, Dikrech an zu Capellen gemaach.
© Archiv

Tëscht e Freideg den Owend 23 Auer an e Samschdeg de Moien 3 Auer huet d'Police zu Ettelbréck, op der Houschter-Déckt an Dikrech 520 Automobiliste kontrolléiert. Zu Capellen hu 75 Chauffeure misse bloen. An 13 Fäll war den Test positiv, et huet awer keng Persoun missen hire Permis ofginn.

Back to Top
CIM LOGO