
Vun esou enger Reinfektioun schwätzt een, wann zwee positiv PCR-Tester virleien, déi op d’mannst 90 Deeg ausernee leien.
Wéi et vun der Gesondheetsministesch heescht, wieren dës Zuelen aktuell méi héich, wéi virun e puer Wochen, sou datt ee kéint soen, datt d’Omikron-Variant sech méi séier iwwerdréit - och bei Leit, déi ewell op eng viregt Seuch positiv getest gi waren an als geheelt gëllen.
D’Zuelen iwwert d’Reinfektioune wäerten an Zukunft dann och an déi deeglech Corona-Statistiken afléissen, sou d’Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
D’Ministesch deelt och mat, datt bis zum Datum vu e Méindeg 945 Covid-19-Doudesfäll gemellt gi sinn. D’Donnéen iwwert den Impfstatus vun den Affer wieren net disponibel.
