City Breakfast6,7% vun den Net-Lëtzebuerger hu sech fir d'Stater Gemengewalen ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Ronn 6,7 Prozent vun den Auslänner, déi sech kéinte fir d'Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg aschreiwen, hunn dat bis ewell gemaach.
© Gemeng Lëtzebuerg

Dee Chiffer gouf e Mëttwoch de Moien um éischte CityBreakfast vum neie Joer an der Stater Gemeng genannt.

D’Konditioune fir een, deen d’Lëtzebuerger Nationalitéit net huet, hu sech jo fir dës Wale geännert. Fir d’Gemengewalen den 11. Juni sinn aktuell ronn 5.500 Net-Lëtzebuerger ageschriwwen. Iwwer 75.000 kënnen dat nach bis de 17. Abrëll maachen. Et wier also nach Sputt no uewen, huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer betount. Ma et wieren awer och nach eng ganz Partie Campagnë geplangt:

“Am CityMag wäerte mer weider drop hiweisen, Affichen an den Autobussen, op eise Reseau sociauxen, mir si bei der Campagne national “Je peux voter” dobäi. Am Biergerzenter gëtt elo scho jiddereen drop opmierksam gemaach, datt e sech kann aschreiwen. An da ginn déi 75.000 Leit, déi bis ewell net dobäi sinn nach emol perséinlech ugeschriwwen.”

Fir vill Leit aus der Europäescher Unioun wier d’Kultur vun der Walflicht einfach net bekannt, dofir wier et ëmsou méi wichteg, d’Leit drop opmierksam ze maachen, datt se sech kënnen aschreiwen.

4.000 Awunner an der Stad bäikomm

D’Stad ass nach eemol zolidd gewuess. Um traditionelle Rendez-vous fir d’Press gouf e Mëttwoch de Moien an der Gemeng e Bléck zréck op 2021 geheit. Op den 31. Dezember hu ronn 132.800 Leit an der Stad Lëtzebuerg gewunnt. Dat sinn der iwwer 4.000 méi, wéi nach am Joer virdrun. D’Lydie Polfer:

“Et si méi Kanner op d’Welt komm, wéi Leit gestuerwe sinn. Mir hunn e mouvement naturel vu 570 méi. Da Leit, déi heihi komm sinn oder fort gaange sinn. An do ass de Solde vu 4.557.”

Den CSV-Schäffe Serge Wilmes huet dann nach präziséiert, datt bannent de leschte fënnef Joer ronn 17.000 Awunner an der Stad Lëtzebuerg bäikomm sinn, wat ongeféier der Populatioun vun Hesper entsprieche géif. Iwwer 70 Prozent vun de Bierger vun der Stad Lëtzebuerg sinn iwwerdeems Net-Lëtzebuerger.

Back to Top
CIM LOGO