Genee eng Woch ass et hir, datt zu Beetebuerg um Kierfecht opgefall ass, datt 67 Griewer beschiedegt goufen. Geklaut goufe virun allem Kräizer a Figuren aus Bronze. Séier koum de Verdacht op, datt et ëm de Metall-Wäert géing goen. Dat bestätegt och de Mike Decker, deen zanter 40 Joer als Antiquaire aktiv ass. Den Expert beschreift e Beispill, vun engem Bronze un engem Graf:
‘’Et ass en 100 Joer ale Jesus an der Bronze. Bronze ass néng Deeler Koffer an een Deel Zënn. Rengen Zënn a renge Koffer. Dee wäert dann en hallwe Kilo hunn, deen do Maximum. An da vum Wäert, wann Der dat do als Koffer verkaaft, da kritt Der 9 Euro, 9,50 Euro fir de Kilo. ‘’
An da misst een iwwerhaapt emol en Händler fannen, dee Kräizer a Figuren ofkeeft.
‘’Egal wou Der gitt. Ob beim Brocanteur, beim Antiquaire oder egal wou Der higitt der mat, jiddweree weess, dass dat do geklaut ass. Dat huet keen. Also ech sinn elo 40 Joer amgaang, ech hunn dat do nach néierens gesinn. Et huet nach ni een dat do ugebueden, dat läit bei kengem Händler, dat läit néierens. ‘’
Ale Bronze, vun enger aussergewéinlecher Qualitéit, deen iwwer kriminell Reseauen an Ost-Europa geschleist géif. Do produzéieren d'Brigangen dann a spezialiséierten Atelieren, Kopië vu Wierker, déi an der Konscht-Zeen gesicht sinn.
‘"Do kommt Dir eng Tonn Bronze kafe bei een, oder eng Tonn Koffer kafen an Zënn, fir dat ze maachen. An Dir gitt an eng Fonderie, da soll deen Iech eng Kopie hierstellen. Dat mécht deen net. Dat ass Faux, et usage de faux. Also gëtt et eng schwaarz Fonderie enzwousch, wou déi Saachen hiergestallt ginn."
Et ass op deem Ament, wou Plus-Valuë realiséiert ginn, bei deenen et engem bal dronke gëtt.
"Et gi Kopië vu 50, 60, 70, 80 bis 150.000 Euro. Oder méi. Si siche sech een eraus, datt et kënne modern, et kënne rezent Oeuvrë sinn, et kënnen och al Oeuvrë sinn. Bronze ass säit Dausende Joren d'selwecht . ‘’
Dofir de Risiko, Kräizer a Figuren op Kierfechter ze klauen. D'Kopië géifen iwwregens ëmmer méi perfekt an deemno schwéier, als eben eng Kopie z'identifizéieren. Wat oft eréischt am Kader vun enger Expertise opfält, well d'Kopie generell 3% méi kléng ass, wéi d'Original.