
D’Iwwerhuelspuer war blockéiert, wouduerch et zu engem Réckstau bis op de Sennengerbierg komm ass, respektiv bis op d’A7/ Echangeur Waldhaff.
Och a Géigerichtung war Stau wéinst Gaffer, dat vum Gaasperecher Kräiz un.
Géint 16.30 Auer koum vum CITA d’Entwarnung, dass den Accident geraumt wier, an de Stau sech géif opléisen.
De CGDIS deelt da mat, dass eng Persoun bei deem Accident blesséiert ginn ass.