
Am Pressebulletin vun der Police steet ze liesen, datt a 6 Fäll e Lokal net mat Zäiten zougemaach huet, respektiv dat Clienten net am Sëtze consomméiert hunn.
An der Rue de Beggen an der Stad hate Leit virum Lokal eppes gedronk, zu Diddeleng gouf sech an engem Bistro net un d'Sëtzflicht gehalen an zu Wolz waren och no Mëtternuecht nach Leit an engem Lokal. Aus dem Garerquartier an der Stad waren da Leit ouni Mask an engem Bistro ënnerwee. An all de Fäll gouf Protokoll erstallt an d'Autoritéite goufen informéiert.
